De Kuelebierg ass den Hausbierg vu Biekerech. Et ass een nërdlechen Ausleefer vun engem laangezunnene Platto deen op de Koppe vun Arel ufänkt a sech iwwer Habscht a Sëll bis an Mierscherdall zitt.

D'Jobskapell um Kuelebierg

Zu deem Platto deen den Äischdall vum Aterdall trennt, gehéieren och déi zwou Kräizerbuchen, déi Habschter an déi Sëller.

Op enger Héicht vu ronn 360 Meter steet d'Jobskapell, bei déi vun der Parkierch vu Biekerech aus e ronn 800 Meter laange Kräizwee féiert.

Um Fouss vum Kuelebierg, dee komplett op Lëtzebuerger Sandsteen läit, gëtt et eng grouss Zuel vu Quellen, déi d'Gemeng mat Waasser beliwweren, an déi eng ganz héich Waasserqualitéit hunn.

Dëst huet mat sech bruecht datt sech am Hueweler Wee eng Waasserfabréck d'S.A. des Eaux minérales de Beckerich, installéiert huet, déi dat Biekerecher Waasser international kommerzialiséiert.