D'Kryosphär (Algriichesch: κρύος kryos‚ ‚Frascht‘) ass dat ganzt Virkommen vum feste Waasser (Äis) op engem Himmelskierper[1]. Wéinst der klenger Dicht vum Äis ass et an der Reegel no bei der Uewerfläch vum Himmelskierper a kann zudeem selwer entweeder Deeler vun der Uewerfläch oder souguer déi ganz Uewerfläch bilden.

Kaarte vun der Kryosphär vun der Äerd

Kryosphär vun der Äerd änneren

D'Kryosphär vun der Äerd ëmfaasst:

Si ass en Deel vun der Hydrosphär an, wéi déi, en Deel vum Sphäresystem vun der Äerd. D'Kryosphär vun der Äerd huet eng grouss Bedeitung fir d'Klimasystem, well d'Äis reflektéiert wéinst sengem héije Réckstralverméigen (Albedo) eng grouss Mass vun der Sonnenastralung inklusiv der Hëtzstralung, un de Weltraum. Ausdeenung a Réckzuch vu kontinentalen Äisschëlter a Mieräisflächen hunn dofir Réckkopplungseffekter op d'Ofhuele resp. d'Eropklamme vun der duerchschnëttlecher Welttemperatur.

Aner Himmelskierper änneren

 
No der hei duergestallter Virstellung vum Opbau vum Jupitermound Ganymed besteet seng Kryosphär aus ettlech grousse Schichten an huet vill Undeel um ganze Volumen vum Himmelskierper.

Wärend d'Kryosphär op der Äerd nëmmen en extreem klengen Deel vum ganze Planéitevolumen huet, ass deen Deel bei zolitten Objeten am bausse Sonnesystem bedeitend méi grouss.

An der Déift vu sou Äismounde läit d'Äis warscheinlech a sougenannte Héichdrockmodifikatioune vir, déi jee eng aner Kristallstruktur an eng méi héich Dicht hunn, wéi "normaalt" Äis[2].

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

  • All About the Cryosphere. Websäit vum National Snow and Ice Datacenter (NSIDC) vun den USA iwwer d'Kryosphär vun der Äerd.

Referenzen änneren

  1. Christiane Martin, Manfred Eiblmaier (Hrsg.): Lexikon der Geowissenschaften. 6 Bänn. Spektrum Akademischer Verlag, Heidelberg ë. a. 2000–2002, ISBN 3-8274-1655-8.
  2. Tilmann Althaus: Planetenmond, Titan – eine Welt mit Charakter. ASTROnews, 24. Februar 2012, gekuckt de 27. Februar 2012.