Koulbich

lëtzebuergesch Baach

D'Koulbich ass eng Baach am Kanton Réiden an e lénksen Niewefloss vun der Atert.

D'Koulbich eng ronn 100 m éier s'an d'Atert leeft

D'Koulbich huet hir Quell op enger Héicht vu 510 Meter an der Ponzkoll ëstlech vu Flatzbuer.

Eppes 1.400 Meter méi wäit no ënnen, kritt se vu riets hir éischt Niewebaach, eng Baach ouni Numm, déi hir Quell ëstlech vu Flatzbuer am Groussebësch op enger Héicht vu 495 Meter huet.

Si leeft dann an engem schmuelen Dall nach ëmmer weider no Süden a kritt da geschwenn eng Baach vu lénks dobäi. Et ass dëst d'Rennbaach déi zwou Quelle westlech vu Rammerech huet.

Duerno leeft se laanscht Kleng Elchert. Zu Uewerkolpech leeft s'ënner dem CR303 erduercht weider op Nidderkolpech. Hei gëtt eng Parti vun hirem Waasser an de Weier vum Schlasspark ofgeleet. Ongéféier 800 Meter méi wäit leeft s'op enger Héicht vun 281 Meter an d'Atert.

D'Koulbich ass 12.000 Meter laang.