D'Sportaart Korfball gouf vum Hollänner Nico Broekhuysen entwéckelt an am Joer 1902 verëffentlecht. D'Spilliddi ass, datt Meedercher a Jongen zesummen an enger Mannschaft spillen. Punkte kënnen erziilt ginn, wann een de Ball vun uewen an e Kuerf schéisst. D'Wuert Korf kënnt aus dem Hollänneschen an heescht "Kuerf".

De Korfballkuerf

Reegelen a Besonnesches änneren

E fairt Zesummespill a Gläichberechtegung vu Mann a Fra sinn déi wichtegst Grondsätz am Korfball. Hei déi Haaptreegelen:

  • All Ekipp besteet aus 4 Männer a 4 Fraen
  • Et gëtt nëmme mat den Hänn gespillt
  • Frae spille géint Fraen, souwéi Männer géint Männer
  • D'Spillfeld gëtt an 2 Hallschente gedeelt wou jeeweils den Ugrëff an d'Verdeedegung stinn
  • Fir Punkten z'erzilen, muss de Ball vun uewen duerch de Kuerf geworf ginn
  • All Kuerf ergëtt 1 Punkt
  • No 2 Punkte ginn Ugrëff a Verdeedegung gewiesselt (déi déi am Ugrëff gespillt hunn, ginn an d'Verdeedegung an ëmgekéiert)
  • Et däerf kee Punkt gemaach gi wann ee gutt vum Géigner gedeckt ass
  • Kierperkontakt ass begrenzt: Stoussen a falsch Späre si verbueden, sou wéi de Ball dem Géigner aus der Hand schloen
  • 2 Schrëtt sinn erlaabt wann een am Besëtz vum Ball ass: Dribbelen oder mam Ball lafen ass net erlaabt
  • Bei engem Fräistouss muss jiddwereen 2,5 Meter vum Kuerf ewech stoen

Déi Reegele ginn dem Spill eng bestëmmt Dynamik a fuerderen eng stänneg Beweegung fir sech vum Géigner ze léisen. Dat verlaangt eng grouss Ball- a Beweegungstechnik souwéi Spillverständnes an der Ekipp. Korfball ass net nëmmen e Kompetitiounssport, et ass och eng exzellent Familljen-, Fräizäit- a Schoulsportaart.

 
Spillsituatioun am Korfball

Wat sinn d'Virdeeler vum Korfball? änneren

  • Männer a Fraen, Jongen a Meedercher spille gläichberechtegt an enger Ekipp, also kënne Partner a Partnerin, Frënd a Frëndin mateneen trainéieren a spillen.
  • Korfball eegent sech als Ballspill fir de Veräin, d'Schoul an d'Fräizäit, an der Hal an och am Fräien.
  • Korfball zesummen erliewen: mat der Ekipp Erfolleger feieren an Nidderlage verkraaften, Frëndschafte schléissen a sech ameséieren.
  • International Turnéiere gi vum Fräizäit- bis zum Héichleeschtungssport organiséiert.