D'Kollimatioun (lat. collimare, ofgeleet vu collineare: "a riichter Linn féieren") bezeechent an der Optik d'Parallelrichtung vu Liichtstralen. D'Lëns déi dat mécht heescht Kollimater.

Schematesch Duerstellung enger Kollimatioun duerch eng einfach Sammellëns. D'Liicht vun enger Punktquell gëtt duerch d'Sammellëns an e parallelt Stralebëndel geännert.

Eng sougenannt Autokollimatioun ass, wann hanner dem Kollimater e Spigel ass an d'Liichtstralen duerch déi selwecht Lëns reflektéiert ginn.

D'Bild bleift och dann schaarf, wann d'Lag vum Spigel verréckelt gëtt. D'Kollimatiounsachs ass déi duerch d'Fuedemkräiz bestëmmt Viséierlinn vum Teleskop.

An der Moosstechnik bedeit Kollimatioun, datt de wierkleche Wäert vun enger gemoossener Gréisst mat där vum Moossinstrument genee iwwereneestëmmt. Wann dat net de Fall, dann huet d'Instrument e Kollimatiounsfeeler, dee behuewen, oder seng Gréisst a Lag genee bestëmmt muss ginn, fir e bei all Miessung a Rechnung ze stellen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie