Knuewelekspress
Eng Knuewelekspress ass e Kichegeschier, mat deem ee Knuewelekszéiwen ausdrécke kann.
Se gläicht e bëssen enger Zaang, mat Hëllef vun där et méiglech ass, duerch Hiewelwierkung e Kolwen duerch en Zylinder ze drécken, an deem ënnendra kleng Lächer sinn, an an deem d'Knuewelekszéif läit. Duerch den Drock gëtt d'Zéif zerdrätscht an duerch d'Lächer erausgedréckt.
Um Spaweck änneren
Commons: Garlic press – Biller, Videoen oder Audiodateien |