Klinikskapell um Kierchbierg
D'Kapell am Kierchbierger Spidol huet eng aussergewéinlech Architektur: si hänkt iwwer der Receptioun an ass iwwer zwou Brécken z'erreechen.
| ||||
---|---|---|---|---|
![]() | ||||
Uertschaft / Plaz | Kierchbierg | |||
Par | Lëtzebuerg Notre-Dame | |||
Dekanat | Lëtzebuerg | |||
Numm / Patréiner | Hl. Franziskus Hl. Elisabeth | |||
Koordinaten | 49° 37’ 56.3’’ N 06° 10’ 35.1’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
Den Altor, den Tabernakel, d'Liespult an den Dësch fir d'Kärze sinn aus Holz, genee wéi och zwou liicht abstrakt Skulpturen déi den hellege Franziskus an d'helleg Elisabeth duerstellen. All d'Holzaarbechte si vum Pitt Brandenburger a Luc Brandenburger.
D'Fënstere si vum Roger Bertemes.