Kirow
Dëse Geographiesartikel iwwer Russland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Stad Kirow am Oblast Kirow. Fir aner Bedeitunge vu Kirow, kuckt wgl. Kirow (Homonymie). |
Kirow (cyrl: Киров) ass d'Haaptstad vun der Oblast Kirow a Russland. Si läit eng 250 km nordëstlech vu Joschkar-Ola an 315 km nërdlech vu Kasan, um Floss Wjatka, engem Niewefloss vun der Kama. Si huet bal eng hallef Millioun Awunner (Stand 2016) an ass eng wichteg Industriestad mat enger 16.000 Entreprisen.
Kirow | |
---|---|
Land | Russland |
Federatiounskrees | Wolga |
Status | Oblast |
Regioun | Kirow |
Gegrënnt | 1174 |
Awunner | 471.754 (1. Januar 2023) |
Fläch | 757 |
Koordinaten | 58°36'N, 49°39'O |
Zäitzon | UTC+3 |
Telefonszon | 8332 |
Postcode | 610000–610050 |
Landeswäit bekannt sinn d'Dymkower Tounfiguren, déi do zënter dem 16. Joerhonnert fabrizéiert ginn.
Geschicht
ännerenDen Uert gouf am Kader vun de Feldzich vun den Nijni Nowgoroder Siidler géint d'Stied vun der Gëllener Hord als Bausseposte mat Kreml gegrënnt, de Stadhistoriker no wuel géint Enn vum 12. Joerhonnert. Ernimmt gouf en als éischt 1374 als Chlynow (Хлынов).
En ass bis 1489 am Besëtz vum Fierschtentum Nijni Nowgorod bliwwen, ier en un d'Groussfierschtentum Moskau gefall ass, fir dat en och weider nach e wichtege Grenzposte blouf, bis datt Mëtt vum 16. Joerhonnert och déi lescht Rechter vun der Gëllener Hord eruewert waren (dorënner d'Khanat Kasan).
1781 gouf d'Stad vun der Kathrin der Grousser offiziell a Wjatka (Вятка) ëmbenannt. De 7. Dezember 1934 krut se dunn hiren haitegen Numm, nom Politiker Sergei Kirow, dem "Libling vun der Partei", dee knapps eng Woch virdrun ermuert gouf, an zu Urjum am selwechte Gouvernement Wjatka gebuer gouf.
Fotosalbum vun der Stad
änneren-
Pantaleonskierch
-
Kierch vum Hl. Serafim vu Sarov
-
Uspenski Trifonow Klouschter
-
Rempart op den Hiwwelen iwwer der Wjatka
-
Wjatka
-
Bulytschewski Schlass
-
Gare vu Kirow
-
Drama Theater
-
Theaterplaz
-
Dymkower Tounfigur
Um Spaweck
ännerenCommons: Kirow – Biller, Videoen oder Audiodateien |