Kirgisistan

Staat an Zentralasien
(Virugeleet vu(n) Kirgistan)


Kirgisistan, mam vollen Numm Kirgisesch Republik, op Kirgisesch Kyrgyz Respublikasy, an op Russesch Kyrgyzkaja Respublica, ass e Staat an Zentralasien. Den haitege Staat ass 1991 aus der fréierer Kirgisescher Sozialistescher Sowjetrepublik ervirgaangen.

Кыргыз Республикасы (kirgis.)
Киргизская Республика (russ.)
Kirgisskaja Respublika

Kirgisesche Fändel

Kirgisescht Wopen

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Kirgisesch a Russesch
Haaptstad: Bischkek
 • Awunner: 1.100.000 (2022)
Staatsform: Republik
 • President: Sadyr Japarov
 • Regierungschef: Akylbek Japarov
Fläch: 199.900 km²
Bevëlkerung: 6.692.000 (2021)
 • Bevëlkerungsdicht: 27,4 Awunner/km²
Onofhängegkeet: 31. August 1991 vun der Sowjetunioun
Nationalfeierdag: 31. August
Nationalhymn: Ak möngülüü aska
Wärung: Som
Zäitzon: UTC +6
Internet TLD: .kg
Internationalen
Telefonsprefix
:
+996

Staats- a Regierungsform änneren

Kirgisistan ass zanter 1991 eng Presidialrepublik. All 5 Joer si Wale fir d'Parlament, dat 75 Memberen huet.

Bevëlkerung änneren

D'Land huet eng 5.000.000 Awunner mat ronn 80 Nationalitéiten, dovu 60% Kirgisen, eng 15 % Russen a 15 % Usbeken.

Sproochen änneren

Offiziell Sproochen a Kirgisistan si Kirgisesch an zanter dem Mee 2000 och Russesch.

Regierung a Parteien änneren

No der Parlamentswal 2020 gouf Kirgistan vum Sadyr Japarov erëm autoritär regéiert.

Um Spaweck änneren

Commons: Kirgistan – Biller, Videoen oder Audiodateien