Kim Yngland

norwegesch-lëtzebuergesche Schileefer
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Kim Yngland, gebuer de 27. September 1984 an Norwegen, ass en norwegesch-lëtzebuergesche fréiere Schileefer (Slalom, Riseslalom, Super-G)[1].

Kim Yngland
Gebuer 27. September 1984
Norwegen
Nationalitéit Norwegen, Lëtzebuerg
Aktivitéit Schileefer, Alpinschileefer

Hien huet seng Sportscarrière 2000 ugefaangen a war am Ufank Member vun der norwegescher Nationalekipp[2]. Spéider krut den Yngland d'Lëtzebuerger Nationalitéit an hien huet Lëtzebuerg op internationalem Niveau vertrueden[3][4].

2013 huet hie Lëtzebuerg bei de FIS Alpine World Ski Championships vertrueden a war ënner de leschten ukomm[4].

Zanter 2017 schafft den Yngland als Manager an engem norwegesche Mediebetrib[5].

Referenzen änneren

  1. https://data.fis-ski.com/dynamic/athlete-biography.html?sector=AL&listid=&competitorid=181649
  2. https://data.fis-ski.com/dynamic/athlete-biography.html?sector=AL&competitorid=181649&type=result&bt=next&limit=50&bt=next&rec_start=150
  3. https://www.abcnyheter.no/nyheter/sport/2013/02/15/167990/svindal-pa-fjerdeplass-ligety-vm-konge
  4. 4,0 4,1 https://www.wort.lu/fr/sport/slalom-geant-bock-osch-et-yngland-elimines-511cf334e4b0db48addbdfb4
  5. http://kampanje.com/jobb/2017/02/nhst-henter-digital-kompetanse/