Kierchepappen
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Kierchepappe (Latäin: pater ecclesiae sinn déi fréi Theologe vun der chrëschtlecher Kierch, deenen hir Schrëften e groussen Afloss op d'Geschicht vum Chrëschtentum haten.
D'Fuerschung, déi sech mat de Kierchepappen ofgëtt, gëtt Patristik genannt.
D'Schrëfte vun de Kierchpappe si vum Jacques-Paul Migne gesammelt ginn, an tëscht 1844 an 1865 ënner dem Numm Patrologia Latina an enger Editioun erausginn, déi 217 Bänn ëmfaasst.
Zu de Kierchepappen zielen ënner anerem:
- den Athanasius vun Alexandria (~298-373)
- de Basilius vun Caesarea (~329-379)
- de Gregor vun Nazianz (~329-390)
- den Ambrosius vu Mailand (339-397)
- den Hieronymus vu Stridon (~347-420)
- de Johannes Chrysostomus (~349-407)
- de Gregor I. de Groussen (~540-604; Poopst zanter 590)
- den Aurelius Augustinus (354-430)
Um Spaweck
ännerenCommons: Kierchepappen – Biller, Videoen oder Audiodateien |