D'Kierch vu Grüfflingen an der Gemeng Burg-Reuland geet op d'Joer 1677 zeréck. Deemools krut d'Uertschaft en Oratorium.

D'Kierch 2010

Am Joer 1697 huet den Äerzbëschof Josef Clemens vu Köln, deen och Bëschof vu Léck war, d'Erlabnes ginn den Oratorium ze vergréisseren, an et gouf d'Messkappelle vu Greveldange, draus. Grüfflingen hat déi Zäit e franséischen Numm.

Déi Kapell war 12,65 x 6,70 m grouss. Zanter 1949 huet den deemolege Paschtouer Peter Ramscheid sech agesat fir datt eng nei Kierch sollt gebaut ginn. Hien huet et fäerdeg bruecht datt 1955 de Grondstee konnt geluecht ginn, an d'Aweiung war schonn dat Joer duerno.

Kuckeswäert an der Kierch sinn d'Bläiverglasungen, déi am Atelier Osterath zu Tilff gemaach goufen, an de Mosaikkräizwee vum Kënschtler Jean Keup vu Bréissel.