Haupeschkierch zu Wëntreng

(Virugeleet vu(n) Kierch Wëntreng)

D'Haupeschkierch zu Wëntreng ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Dräilännereck Musel a Ganer Saint-Nicolas, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Schengen gehéiert.

Kierch vu Wëntreng
Filialkierch vu Wëntreng (2013)

Filialkierch vu Wëntreng (2013)
Filialkierch vu Wëntreng (2013)
Uertschaft / Plaz Wëntreng
Par Dräilännereck Musel a Ganer
Saint-Nicolas
Dekanat Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Haupert
Architekt(en) E. Galowich
Baujoer 1959 - 1960
Koordinaten 49° 30’ 04.5’’ N
      06° 21’ 07.0’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner ass den hellegen Haupert, deem säi Fest den 3. November gefeiert gëtt.

Se steet zentral am Duerf tëscht den zwee Stecker vun der Wäistrooss, dem CR152.

Zur fréierer Par Rëmerschen gehéiert ausser der Filialkierch vu Wëntreng och nach d'Parkierch vu Rëmerschen.

Geschicht änneren

D'Kierch gouf 1959-60 no Pläng vum Architekt Étienne Galowich gebaut. 1986 gouf se banne vum Architekt Jean Petit renovéiert, woubäi e wichtege Punkt war, dee stengenen Héichaltor vu 1609 aus dem Atelier vum Tréirer Sculpteur Hans Ruprecht Hoffmann ze revaloriséieren, e Wierk an deem sech den Iwwergang vun der Spéitrenaissance zum fréie Barock manifestéiert. Um Altor ass den operstanene Christus mat Kräiz a Weltkugel iwwer dem eidele Graf ze gesinn. Um Hannergrondrelief sinn d'Silhouette vun der Stad Jerusalem a vum Kalvariebierg ze gesinn. D'Wopen um Altoropbau weisen hin op d'Famillen de Musset a von Walderfingen.

An der Kierch stinn nach eng Rei Statuen aus dem Atelier Greeff vun Altwis.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Haupeschkierch zu Wëntreng – Biller, Videoen oder Audiodateien