D'Kierch zu Noumer ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Mëllerdall Saint-Michel, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Noumer gehéiert.

Kierch vun Noumer
Kierch vun Noumer (2005)

Kierch vun Noumer (2005)
Kierch vun Noumer (2005)
Uertschaft / Plaz Noumer
Par Mëllerdall
Saint-Michel
Dekanat Zentrum
Konsekratioun 1873
Koordinaten 49° 47’ 40.1’’ N
      06° 10’ 23.5’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch steet nieft dem Gemengenhaus an der Haaptstrooss, dem CR306, op der Kräizung mat der rue du Knapp.

Den 21. Juni 2017 gouf se als nationaalt Monument op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.

Zur fréierer Par Noumer gehéieren ausser der Parkierch vun Noumer och nach d'Filialkierch vu Schrondweiler an d'Kapell vun Uewerglabech.

Geschicht änneren

1869 ass déi al Noumer Kierch verbrannt an den 18. Abrëll 1871 gouf de Grondstee fir eng nei geluecht, déi dunn no de Pläng vum Architekt Biwer gebaut gouf an den 8. September 1873 vum Bëschof Nicolas Adames geweit gouf. 1970 ass se restauréiert ginn a krut en neien Altor.

Literatur änneren

  • Radiomesse aus der Pfarrkirche Nommern, Joseph Heintz, Lëtzeburger Sonndesblad, 1981, Nr. 16, p. 4-5

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Noumer – Biller, Videoen oder Audiodateien