Kierch Menster

(Virugeleet vu(n) Kierch Mensder)

D'Kierch vu Menster ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Musel a Syr Saint-Jacques, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Betzder gehéiert.

Kierch vu Menster
D'Kierch vu Menster (2013)

D'Kierch vu Menster (2013)
D'Kierch vu Menster (2013)
Uertschaft / Plaz Menster
Par Par Musel a Syr
Saint-Jacques
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Mariä Himmelfaart
Konsekratioun 1890
Baujoer 1853
Koordinaten 49° 39’ 22.0’’ N
      06° 18’ 08.8’’ O
Vue vun Nordosten op d'Kierch

Vue vun Nordosten op d'Kierch
Vue vun Nordosten op d'Kierch
Kierchen - Kapellen

D'Kierch ass der Mariä Himmelfaart geweit. De Festdag ass de 15. August.

Se steet an der rue de l'église resp. der rue de Roodt-sur-Syre. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Geschicht änneren

  • 1570 ass zu Menster eng Kapell geweit ginn.
  • 1698 ass eng nei Kierch gebaut ginn.
  • Am Ufank vum 18. Joerhonnert sinn déi dräi Altär gebaut ginn, déi haut nach do sinn.
  • 1720 kritt d'Par Menster en eegene Kaploun. Trotzdeem mussen d'Parmembere weiderhin de Kierchebauveräin vu Fluessweiler ënnerstëtzen well d'Par Menster bis 1808 zur Par Fluessweiler gehéiert huet, duerno dann zu där vu Rued-Sir.
  • 1797 ass d'Menster Kierch vun der franséischer Besatzung verkaaft ginn. Fir d'Kiercheklacken ze retten, déi soss ageschmolt gi wieren, hunn d'Awunner vum Duerf se verstoppt.
  • Déi haiteg Kierch ass 1853 do gebaut ginn wou déi al Kierch stoung. Den Tuerm vun der aler Kierch ass awer stoe bliwwen. D'Kierch gouf spéider e puermol ëmgebaut.
  • D'Konsekratioun vun der Kierch war de 25. Oktober 1890.
  • 1858 ass Menster nees eng Par ginn.
  • 1900 ass en neie, méi héije Kierchtuerm gebaut ginn. Domat hat d'Kierch eng Zäit laang zwéin Tierm well deen alen eréischt méi spéit ofgerappt gouf.
  • 1920 gouf deen ale Gipsplaffong duerch e verwëllefte Plaffong ersat.
  • 1929 ass eng gebrauchten Uergel aus der Kierch vu Rodange kaaft ginn.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Menster – Biller, Videoen oder Audiodateien