Jousefskierch zu Meechtem

(Virugeleet vu(n) Kierch Meechtem)

D'Jousefskierch zu Meechtem ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Musel a Syr Saint-Jacques, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Wuermer gehéiert.

Kierch vu Meechtem
Parkierch vu Meechtem (2013)

Parkierch vu Meechtem (2013)
Parkierch vu Meechtem (2013)
Uertschaft / Plaz Meechtem
Par Par Musel a Syr
Saint-Jacques
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Jousef
Konsekratioun 1910
Baujoer 1907-08
Koordinaten 49° 36’ 02.6’’ N
      06° 22’ 03.8’’ O
Kierchen - Kapellen
D'Kierch vu bannen
D'Kierch vun der Nordostsäit gesinn

De Patréiner ass den hellege Jousef, deem säi Fest den 19. Mäerz gefeiert gëtt.

D'Kierch steet an der Kierchestrooss (rue de l'église). Den Agank läit op der Säit vun der "Schliikeplaz" (Schleekeplaz), déi den Duerfkär ausmécht.

Den 23. September 2020 gouf se als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Geschicht änneren

Déi éischt Kapell aus Holz, ëm 1000 gebaut, war dem hellegen Dagobert geweit. Déi zweet Kapell, déi 1755 gebaut gouf, hat den hellege Sebastian als Patréiner.

Am Laf vun de Joren 1907 bis 1909 gouf déi aktuell Kierch op der selwechter Plaz vun der aler "Dagobertkierch" vum Entreprener Guill vu Gréiwemaacher opgeriicht.

21. Oktober 1907: den Hunn gëtt op de Kierchtuerm gesat

28. Abrëll 1908: d'Klacke laude fir d'éischt am neie Klackentuerm

31. Oktober 1908: den Deche Post vu Gréiwemaacher weit déi nei, am gotesch-romanesche Stil gebaute, Kierch an. Den 31. Mee 1910 gëtt se vum Bëschof Jean Joseph Koppes konsekréiert.

Nom Zweete Weltkrich bleift d'Gemaiers, ausser e puer Granatenaschléi, relativ ganz, allerdéngs sinn d'Kierchefënsteren all zerstéiert. D'Rosace hanner dem Duxall an den Interieur bleiwen onbeschiedegt.

1952 wéi déi éischt déck Klack ageweit gouf, léisst de Paschtouer Aloyse Schmit déi Helleg Famill iwwer dem Haaptportal ameesselen.

1956 kritt d'Kierch eng Uergel, zwou aner Klacken an eng nei Kierchenauer mat 3 Zifferblieder.

1975 gëtt den Duxall vergréissert.

1977 kommen nei Kräizweestatuen an d'Kierch.

Bemierkenswäertes änneren

  • Eng Pieta vun ëm 1720 aus Kalleksteen, déi 1982 restauréiert gouf. Déi Skulptur gouf deemools vu Studente gestëft, a se stoung bis datt se restauréiert gouf an enger Flouerkapell.
  • En Héichaltor, vum Sculpteur Karl Frank vun Tréier, aus dem Joer 1908, bei deem d'Säiteschief opgeklappt kënne ginn.
  • E Barock-Priedegtstull vu 1758.

D'Uergel änneren

Déi éischt Uergel iwwerhaapt an enger Kierch zu Meechtem gouf 1956 vun der "Manufacture d'orgues luxembourgeoise" vu Lëntgen, ënner dem Georges Haupt gebaut an opgeriicht. Se huet en Harmonium ersat an huet 2 Manualer an 11 Regësteren. Den Dechen Arnold Spautz vu Gréiwemaacher huet de 26. August 1956 d'Uergel zesumme mat de Klacken ageweit.

Klacken änneren

D'Klacke goufe vun der belscher Klackegéisserei Causard-Slégers vun Tellin gegoss, déi Déck 1950 an déi zwou méi kleng 1956. Déi zwou al kleng Klacke krut de Scoutenzentrum vum Neihaischen geschenkt.

Klack Gewiicht Grondtoun Gewidmet Opschrëft
1 600 kg fa dièse helleger Famill Sancta Familia, exemplar virtutum, ora pro nobis. me fudit Slegers in Tellin Belgia A.D.1950
2 350 kg la hellege Jousef an hellegen Niklos
3 250 kg do dièse Muttergottes an hellege Sebastian

D'Kierchefënsteren änneren

Amplaz vun de virege Kierchefënsteren, déi am Zweete Weltkrich komplett zerstéiert goufen, goufen nom Krich neier agesat. Si sinn zum gréissten Deel vum Gustave Zanter. Iwwer dem Säiteportal ass eng Fënster vum Jakob Schwarzkopf vun Tréier an am Trapenopgang eng vum Rudolf Schillings.

Lëscht vun de Paschtéier zu Meechtem änneren

 
Den Agank fir an d'Kierch

Äerzbistum Tréier bis 1802

Sankt Dagobertkierch:

  • 1625: Krevenich Claudius
  • 1637: Kirsch Jonannes

--- näischt agedroen

  • 1707: Hoffmann Philippe
  • 1718: Baudouin Hubert
  • 1720: Godart Corneille
  • 1725: Kenn Mathias

Sankt Sebastiankierch:

  • 1750: Blasius Johannes
  • 1766: Braun Jean
  • 1770: Gelff Thomas

Bistum Metz bis 1823

  • 1790: Schannus J.-Pierre
  • 1804: Kelsen Mathias
  • 1810: Krantz Johann

Bistum Namur bis 1840

Apostolescht Vikariat vu Lëtzebuerg bis 1870

  • 1851: Felgen Jacques, Schëffleng
  • 1859: Sax Johann, Clausen
  • 1869: Molitor J.-B., Lëtzebuerg
  • 1870: Muller Mathias, Bäerdref
  • 3.3.1900-1.5.1918: Lesceux P.-Joseph, Housen
  • 1.5.1918-11.6.1932: Dr.Baden Heinrich, Hierber
  • 29.6.1932-20.4.1932: Fisch Nic, Präiteler
  • - 1.8.1938: Huss Charles, Deche vu Gréiwemaacher als Verwalter
  • 1.8.1938-15.4.1981: Schmit Aloyse, Simmer
  • 15.4.1981-2.12.1984: Weyer Emile, Deche vu Gréiwemaacher als Verwalter
  • 2.12.1984-: Jean-Pierre Betz, Rodange
  • 23.8.2003-: Mathgen Joseph, Viichten

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Jousefskierch zu Meechtem – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).