Jousefskierch zu Hunchereng

kathoulesch Kierch an der Gemeng Beetebuerg
(Virugeleet vu(n) Kierch Hënchereng)

D'Jousefskierch zu Hunchereng ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Beetebuerg–Fréiseng Saint-André an zu der Gemeng Beetebuerg gehéiert.

Kierch vun Hunchereng

Uertschaft / Plaz Hunchereng
Par Beetebuerg–Fréiseng
Dekanat Süden-Ost
Numm / Patréiner Hl. Jousef
Architekt(en) Pierre Funck
Baujoer 1902 - 1903
Koordinaten 49° 30’ 57.7’’ N
      6° 03’ 49.9’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner ass den hellege Jousef, deem säi Fest den 19. Mäerz gefeiert gëtt.

Si steet am südlechen Deel vun der Uertschaft op der Näerzenger Strooss, dem CR165.

1903 gouf d'Kierch an d'Parhaus no de Pläng vum Pierre Funck gebaut.[1],[2],[3]

Um Kierchtuerm ass a réimeschen Zifferen d'Joer 1903 uginn.

Den 11. November 2012 ass an der Kierch eng nei elektronesch Uergel ageweit ginn.[4]

Zur fréierer Par Hunchereng gehéieren ausser der Parkierch vun Hunchereng och nach d'Kapelle vun Näerzeng a vu Fenneng.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Jousefskierch zu Hunchereng – Biller, Videoen oder Audiodateien
 

Referenzen änneren

  1. Großherzogtum an der Obermosel-Zeitung vum 27. Juni 1902, Säit 2
  2. Großherzogtum an der Obermosel-Zeitung vum 28. Februar 1902, Säit 2
  3. Lokal-Neuigkeiten am Luxemburger Wort vum 7. Oktober 1903, Säit 3
  4. Informatiounsblad vum Parverband