Kierch Folscht

(Virugeleet vu(n) Kierch Foulscht)

D'Kierch zu Folscht ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Rammerech Saint-Valentin an zu der Gemeng Rammerech gehéiert.

Kierch vu Folscht
Kierch vu Folscht (2014)

Kierch vu Folscht (2014)
Kierch vu Folscht (2014)
Uertschaft / Plaz Folscht
Par Rammerech
Saint-Valentin
Numm / Patréiner Hl. Lambert
Koordinaten 49° 48’ 51.7’’ N
      05° 52’ 27.1’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Lambert, deem säi Fest den 18. September gefeiert gëtt.

Se steet zentral am Duerf op der Haaptstrooss, dem CR116. Bis zirka 1960 war de Kierfecht ronderëm d'Kierch ugeluecht, elo ass e baussent dem Duerf op der Strooss fir op Hueschtert. Zur fréierer Par Folscht gehéieren ausser der Kierch vu Folscht och nach d'Filialkierch vun Hueschtert an d'Kapell vun Éischt.

Geschicht änneren

Unhand vun der Lëscht vun de Paschtéier vu Folscht, déi op enger Tafel am Agank vun der Kierch stinn, kann een unhuelen datt et zu Folscht schonn am 14. Joerhonnert eng Kierch gouf.

Déi haiteg Kierch gouf warscheinlech Mëtt vum 17. Joerhonnert gebaut, wat een unhand vum Alter vum Dafsteen a vun de Grafsteng, déi ronderëm d'Kierch fonnt goufen, kann unhuelen.

Am Joer 1825 war de Kierchtuerm duerch e Feier staark beschiedegt an dofir goufe Pläng gemaach fir se nees an d'Rei ze setzen a gläichzäiteg ze vergréisseren. 1828 gouf d'Kierch vum Entreprener Jean Pénical aus Rammerech ëm zirka 100 % no Pläng vum Schräiner an Architekt Nikolaus Perl vu Sues (an der Belsch) fir de Präis vun 1.672,70 Gulde vergréissert.

1879 gouf en Duxall aus Holz agebaut, deen 1959 duerch eng Bëtongskonstruktioun ersat gouf.

1891 gouf dee baufällege Plaffong no de Pläng vum Staatsarchitekt Knepper mat engem Verwëllef ersat dat op sechs Sailen opläit.

1919 ass den Tuerm renovéiert a vergréissert ginn a krut e Kräiz vum Kënschtler Jakob Weber.

An de Joren 1959-60 ass d'Sakristei bäigebaut ginn.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Folscht – Biller, Videoen oder Audiodateien