Kierch Fenteng
D'Kierch vu Fenteng ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Hesper–Réiser–Weiler Disciples d'Emmaüs, zum Dekanat Süden-Ost an zu der Gemeng Hesper gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
D'Fentenger Kierch | ||||
Uertschaft / Plaz | Fenteng | |||
Par | Hesper–Réiser–Weiler Disciples d'Emmaüs | |||
Dekanat | Süden-Ost | |||
Koordinaten | 49° 33’ 54.8’’ N 06° 09’ 11.3’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
Si steet op der Beetebuerger Strooss, dem CR159. Nieft der Kierch stinn nach e puer al Grafsteng vum fréiere Kierfecht.
Geschicht änneren
D'Kierch ass e puermol ëmgebaut ginn. 1892 ass de Kierchtuerm, dee fréier um Daach vun der Kierch souz, ersat ginn. 1922-23 ass de Chouer ersat ginn an 1933-34 ass d'Schëff ofgerappt an duerch dat haitegt Gebai ersat ginn.
D'Uergel änneren
D'Uergel vun der Fentenger Kierch ass am Joer 2007 vun der Uergelmanufaktur Georg Westenfelder vu Lëntgen opgeriicht ginn.
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Kierch Fenteng – Biller, Videoen oder Audiodateien |