Kierch Dellen

kathoulesch Kierch

D'Kierch zu Dellen ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Atertdall Sainte-Claire, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Groussbus-Wal gehéiert.

Kierch vun Dellen
Kierch vun Dellen (2006)

Kierch vun Dellen (2006)
Kierch vun Dellen (2006)
Uertschaft / Plaz Dellen
Par Par Atertdall
Sainte-Claire
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Kräiz
Koordinaten 49° 51’ 29.1’’ N
      05° 57’ 32.3’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch ass dem hellege Kräiz geweit. D'Fest gëtt de 14. September gefeiert. Den zweete Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Haupert, deem säi Fest den 3. November gefeiert gëtt.

D'Kierch steet an der Kierchegässel, enger Sakgaass, déi vun der Kräizung vun der rue du Lavoir mat der Haaptstrooss, dem CR345, fortgeet.

Den 30. November 2017 gouf s'op d'Lëscht vum Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen[1].

Zur fréierer Par Groussbus huet ausser der Filialkierch vun Dellen och nach d'Kierch vu Groussbus gehéiert.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Dellen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).