Kierch vu Bieberech
Parkierch vu Bieberech (2013)
Parkierch vu Bieberech (2013)
Uertschaft / Plaz Bieberech
Par Atertdall Sainte-Claire
Numm / Patréiner Hl. Rochus
Koordinaten 49° 47’ 44.9’’ N
05° 56’ 23.3’’ O
Kierchen - Kapellen


D'Kierch vu Bieberech ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Atertdall Sainte-Claire an zu der Gemeng Préizerdaul gehéiert.

D'Kierch steet an der Kierchestrooss (rue de l'Église) hanner der Schoul.

GeschichtÄnneren

1802 gouf zu Bieberech en neit Kaplounshaus gebaut an et ass eng eegestänneg Par ginn.[1] Virdrun huet et zur Par Osper gehéiert.

An de Joren 1828 an 1860 ass d'Kierch vergréissert ginn. 1884 gouf de Chouer ugebaut an den alen Deel vun der Kierch restauréiert. Déi vergréissert Kierch gouf 1888 konsekréiert.

1892 goufen op béide Säite vum Kierchtuerm kleng Tierm ugebaut. An deem Joer goufen och zwou nei Klacken ugeschaaft.

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Kierch Bieberech – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren

  1. Historique Préizerdaul.lu