Erasmuskierch zu Beyren

(Virugeleet vu(n) Kierch Beyeren)

D'Erasmuskierch vu Beyren ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Musel a Syr Saint-Jacques, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Fluessweiler gehéiert.

Kierch vu Beyren
Filialkierch vu Beyren (2013)

Filialkierch vu Beyren (2013)
Filialkierch vu Beyren (2013)
Uertschaft / Plaz Beyren
Par Par Musel a Syr
Saint-Jacques
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Erasmus
Koordinaten 49° 37’ 53.4’’ N
      06° 20’ 10.5’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner ass den hellegen Erasmus, deem säi Fest den 2. Juni gefeiert gëtt.

D'Kierch steet an der Kierchestrooss (rue de l'église), dem CR145. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Si gouf den 12. Dezember 2017 op den Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.[1]

Zur fréierer Par gehéiert ausser der Filialkierch zu Beyren och nach d'Parkierch vu Gouschteng.

Klacken änneren

D'Kierch vu Beyren huet 2 Klacken am Tuerm, déi am Schlagtoun des" an c' lauden.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Erasmuskierch zu Beyren – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).