D'Kersti Kaljulaid, gebuer den 30. Dezember 1969 zu Tartu, war vum 10. Oktober 2016 bis den 10. Oktober 2021 Staatspresidentin vun der Republik Estland. Vun 2004 bis 2016 war si déi estnesch Representantin beim Europäesche Rechnungshaff.

Kersti Kaljulaid
Gebuer 30. Dezember 1969
Nationalitéit Estland
Educatioun Universitéit vun Tartu
Aktivitéit Fonctionnaire, Direkter, Politiker, Geschäftspersoun
Partei keng
Member vun Europäesche Rechnungshaff

D'Kersti Kaljulaid huet vun 1987 bis 1992 op der Universitéit Tartu Biologie mam Schwéierpunkt Geneetik studéiert. 2001 huet si do hire Master of Business Administration (MBA) gemaach.

Vun 1994 bis 1997 huet si fir d'Telekommunikatiounsentreprise Eesti Telefon geschafft. 1997/98 war se bei der estnescher Bank Hoiupank beschäftegt. 1998/99 gouf si als Projetsmanagerin bei der Nofollegentreprise Hansapank. 1999 gouf si ekonomesch Conseillère vum Premierminister Mart Laar. 2002 goung si bei den Energiekonzern Eesti Energia a gouf dunn Direktesch bei deem sengem Elektrizitéitswierk zu Iru. Zur selwechter Zäit hat si eng politesch Emissioun op Kuku Raadio. Vun 2001 bis 2004 huet d'Kaljulaid d'Regierung am Conseil de Surveillance vun der Estnescher Genomfondatioun Eesti Geenivaramu vertrueden.

Dono war si bis zu hirer Wal zur Staatspresidentin Representantin vun Estland beim Europäesche Rechnungshaff um Kierchbierg.

Den 3. Oktober 2016 gouf si zu der neier Staatspresidentin vun Estland gewielt. Den 10. Oktober 2016 huet si offiziell d'Nofolleg vum Toomas Hendrik Ilves ugetrueden. Si war déi éischt Fra an deem Amt.

Um Spaweck änneren

Commons: Kersti Kaljulaid – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • CV um Site vum Europäesche Rechnungshaff