Keres-Verdeedegung

Schacherëffnung
Dës Säit beschäftegt sech mat der indescher Keres-Verdeedegung. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Keres-Verdeedegung (Homonymie).

D'Keres-Verdeedegung ass eng Erëffnung vum Schachspill. Se zielt zu den Zouene Spiller an ass an den ECO-Coden ënner dem Schlëssel A40 klassifizéiert.

Keres-Verdeedegung
abcdefgh
8
a8 black rook
b8 black knight
c8 black bishop
d8 black queen
e8 black king
g8 black knight
h8 black rook
a7 black pawn
b7 black pawn
c7 black pawn
d7 black pawn
f7 black pawn
g7 black pawn
h7 black pawn
e6 black pawn
b4 black bishop
c4 white pawn
d4 white pawn
a2 white pawn
b2 white pawn
e2 white pawn
f2 white pawn
g2 white pawn
h2 white pawn
a1 white rook
b1 white knight
c1 white bishop
d1 white queen
e1 white king
f1 white bishop
g1 white knight
h1 white rook
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh
Zich 1. d4 e6 2. c4 Lb4+
ECO A40
Benannt no Paul Keres
Aner Nimm Känguru-Verdeedegung, Franco-Indesch Verdeedegung

D'Keres-Verdeedegung fänkt mat de follgenden Zich un:

1. d4 e6
2. c4 Lb4+

Déi selwecht Stellung kann och iwwer d'Englesch Erëffnung 1. c4 e6 2. d4 Lb4+ erreecht ginn.

Varianten änneren

Wäiss huet véier méiglech Zich fir dem Leeferschach ze begéinen, wouvun 3. Dd2?? allerdéngs net spillbar ass, well Wäiss doduerch just Material verléiert. Dohier bleiwen nach 3. Ld2, 3. Sc3 an 3. Sd2.

3. Ld2 änneren

  • 1. d4 e6 2. c4 Lb4+ 3. Ld2

Op 3. Ld2 ka Schwaarz säin ugegraffene Leefer entweeder mat 3.... Lxd2+ oftauschen oder mat 3.... a5, 3.... De7 oder 3.... c5 decken.

3. Sc3 änneren

  • 1. d4 e6 2. c4 Lb4+ 3. Sc3

Den Zuch 3. Sc3 bitt Schwaarz vill Transpositiounsméiglechkeeten. No 3.... Sf6 entsteet d'Nimzo-Indesch Verdeedegung, no 3.... f5 d'Hollännesch Verdeedegung, no 3.... d5 eng ongewéinlech Form vum ofgeleenten Dammegambit an no 3.... b6 d'Englesch Verdeedegung. Eng aner Méiglechkeet ass 3.... c5, wourop d'Partie nach ëmmer mat 4. e3 Sf6 an de Rubinstein-System vum Nimzo-Indeschen iwwergoe kann, allerdéngs féiert 3. d5 zu onofhängege Varianten.

3. Sd2 änneren

  • 1. d4 e6 2. c4 Lb4+ 3. Sd2

No 3. Sd2 huet Schwaarz prinzipiell déi selwecht Transpositiounsméiglechkeete wéi no 3. Sc3, just datt 3.... Sf6 4. Sf3 zur Bogo-Indescher Verdeedegung féiert. Allerdéngs kritt Schwaarz hei mat 3.... c5!? en einfacht Spill.

Enzyklopedie vun de Schacherëffnungen änneren

An der Enzyklopedie vun de Schacherëffnungen ass d'Keres-Verdeedegung ënner dem Schlëssel A40 klassifizéiert.

  • A40: 1. d4

Partien änneren

Kuckt och änneren