Äerdneizäit
De Kenozoikum oder d'Äerdneizäit besteet aus zwou Perioden: den Neogen an de Paleogen. Et ass deen Äerdzäitalter deen nom Äerdmëttelalter, dem Mesozoikum kënnt. D'Äerdneizäit huet ongeféier viru 65 Millioune Joer ugefaangen an huet bis zum Ufank (-2.5 Mio Joer) vum Quartär gedauert.
Fauna a Flora
ännerenDéi eelst echt Primate sinn opgetrueden an d'Bléieplanzen an d'Insekte fänken u sech ëmmer méi auszebreeden, geneesou wéi d'Vullen an d'Mamendéieren. Géint Enn vum Zäitalter ass de Mënsch opgetrueden.
Kontinentalverschibung a Klimawiessel
ännerenIndien kollidéiert mat Asien an den Himalaya entsteet. D'Nordkontinenter dreiwen auserneen. Fir d'éischt herrsche méi kal Temperaturen, duerno gëtt et erëm tropesch waarm. Duerch de Klimawiessel an d'Kontinentalverschibung ännere sech d'Liewensraim, d'Savanne gi méi grouss an d'Bëscher méi kleng.