D'Keelebouwe waren op de Keelen- a Bowlingsbunnen déi jonk Borschten, déi am Ufank vum 20. Joerhonnert bis an d'50er Joren, d'Keele frësch opgestallt an déi ëmgefalen aus dem Spill geraumt hunn.

Keelebouwe bei der Aarbecht, 1910 zu New York

Si hunn hir Aarbecht misse séier kënne maachen an dobäi missen oppassen datt se selwer keng Keelen ëmgeworf hunn. Se hunn awer net nëmmen d'Keelen opgestallt, mä och d'Klatzen an den Trach gehäit fir datt déi bei d'Spiller konnten zeréckrullen.

Dacks hu se sech virum Keelespill och ëm den Ënnerhalt vun der Bunn bekëmmert, déi reegelméisseg huet misse propper gehalen a gewichst ginn. Vun ëm 1940 un, zu Lëtzebuerg allerdéngs e bësselche méi spéit (sou ëm 1955) goufen d'Keelebouwen net méi gebraucht well automatesch Stellmechanismen déi Aarbecht iwwerholl hunn.