Kathoulesch Universitéit vu Mechelen

D'Kathoulesch Universitéit vu Mechelen, eigentlech Kathoulesch Universitéit vun der Belsch , déi schonn 1835 op Léiwen verluecht gouf, ass 1834 op Initiativ vum belschen Episkopat zu Mechelen gegrënnt ginn.

Kathoulesch Universitéit vu Mechelen
Typ Universitéit
Land Belsch
Gegrënnt 8. November 1834
Opgeléist 1835

1830 war et an de südleche Provënze vum Vereenegte Kinnekräich vun den Nidderlanden (1815-1830/39) zur Revolutioun komm, a bal war en neie Staat entstanen: d'Belsch.

Politesch gouf et an der Belsch zwou Haaptstréimungen, fir net ze soe Parteien: d'Katholicken an déi Liberal.

Fir weiderhin am Bildungsberäich ze dominéieren, hunn déi belsch Bëscheef 1834 eng Université catholique de Belgique zu Mechelen gegrënnt.

Déi liberal, respektiv antiklerikal Milieuen hunn dunn, nach am Joer 1834 an der Haaptstad Bréissel, hir Université libre de Belgique opgemaach, déi spéider nëmme méi als Université libre de Bruxelles bezeechent gouf.

1835 hunn d'belsch Autoritéiten d'Staatsuniversitéit vu Léiwen (1817-1835) zougemaach, well et jo nieft deenen zwou neien Anstalten, zu Mechelen an zu Bréissel, nach zwou Staatsuniversitéiten zu Gent an zu Léck gouf.

Dat selwecht Joer, deemno nach 1835, hunn déi Klerikal dovu profitéiert, fir hir Uni vu Mechelen op Léiwen ze transferéieren. Nieft de Gebaier hu si de räiche Bibliothéiksfong an d'Bourses de fondation iwwerholl. An natierlech hu si vun do un ëmmer sou gemaach, wéi wann hir Uni op déi prestigiéis Institutioun aus dem Joer 1425 géif zeréckgoen. Wéi och ëmmer, aus der Université catholique de Belgique zu Mechelen (Malines) ass eng Université catholique de Louvain ginn, déi an de 60er Jore vum 20. Joerhonnert tëscht Léiwen a Louvain-la-Neuve opgedeelt sollt ginn.

Literatur änneren

  • André Uyttebrouck, Cours d'histoire de la pédagogie (donné dans le cadre de l'Agrégation de l'Enseignement secondaire supérieur); U.L.B. (Presses universitaires de Bruxelles), 1975/76 (1ère édition); 1978/79 (3e tirage).