Kategorie Diskussioun:Tiroul
Heescht et net op Lëtzebuergesch "Tiroul" (hunn dat 73-bännegt Wierderbuch elo net bäi Hand)? --Otets ♣ 11:22, 25 November 2005 (UTC)
Do kinnst du nawell Recht hunn, mä sëcher wees ech et leider och net :-) --Alexandra 11:32, 25 November 2005 (UTC)
Am DLW sti keng Länner- an Uertschaftsnimm (déi kleng Feiglingen). Du hues eigentlech Recht, mee vu wou ass deen dann, deen "Tiroul" an de google agëtt :-) ? --Cornischong 12:30, 25 November 2005 (UTC)
Ech hu jo net gesot, du solls den DLW huelen, mee deen aneren Déngensdéngen. Esou e Googlerianer ass aus dem Frankräich an e sicht nom Michel Tiroul. Mee dovu mol ofgesinn: e Redirect fir d'Preisen ënnert eis misst et a Bezuch op de Google och doen. --Otets ♣ 14:22, 25 November 2005 (UTC)
"TIROUL" ! An d'Leit heeschen "Tirouler". Dach, dach, steet alles an deem "alen". An da bréngt deen "alen" nach e léiwen Ausdrock "äddi Welt, ech gin an Tiroul" --Cornischong 15:58, 25 November 2005 (UTC)
Eng Diskussioun ufänken iwwer Kategorie:Tiroul
Op Diskussiounssäiten diskutéiere Leit wéi se den Inhalt op Wikipedia sou gutt wéi méiglech gestalte kënnen. Dir kënnt dës Säit benotze fir eng Diskussioun mat Aneren unzefänken wéi een Tiroul verbessere kann.