Kategorie Diskussioun:Mäzenen

Letzter Kommentar: viru(n) 13 Joer von Les Meloures

Dës Diskussioun gouf och op d'Säit Wikipedia:Wierder, deenen hir Schreifweis net kloer ass kopéiert.


Mäzenen ...oder awer Mäzeenen ? Vgl. : Wikipedia: Eis Schreifweis! Do steet: "De laang geschwaten e ass ëmmer duebel, och wa just 1 Konsonant hannendru kënnt (...)". Salut, Jim

Moie Jim.
ass en da laang gschwat?
Den DFL schreift op Säit 373 Mäzen. An op senger leschter Säit steet: Ce dictionnaire se base sur la nouvelle orthographe luxembourgeoise, telle qu'elle a été codifiée par le réglement ministériel du 31 juillet 1999 et par différentes modifications ultérieures décidées par le Conseil permanent de la langue luxembourgeoise. Les Meloures 18:26, 19. Sep. 2010 (UTC)Äntweren

Merci fir d'Informatioun. Mee "Mäze(e)n" gëtt effektiv laan geschwat! Den "accent tonique" ass och op der 2. Silb. Ech mengen, do ass eppes net klor. Salut, Jim

Remoien,
Mer musse vläicht waarde bis mer e lëtzebuergeschen Dictionnaire deen och Phonetik weist (Déi jo dann och misst Phoneetik) geschriwwe ginn. Mat der Arithmetik wier dann d'selwecht. Awer déi schreift souguer den LOD bei deem 37 Linguisten alles kontrolléieren éier et dra kënnt, net met duebelem e. Wann déi mol beim M sinn, da gi mer vläicht eppes weider gewuer. Et däerf een och net verwiesselen ob et just accentuéiert ausgeschwat gëtt oder wierklech laang, an ob et fir oder hanner enger betountert Silb steet oder aleng. Et ass net sou einfach, duerfir hale mer ons hei mol un déi rezent Wierderbiecher, well dat sinn déi eenzeg Quelle bis elo, déi mer hunn, an déi soe si wieren um neiste Stand. Les Meloures 21:59, 19. Sep. 2010 (UTC)Äntweren

OK, a merci nach eng Kéier! Jim

Zréck op d'Säit "Mäzenen".