Kategorie Diskussioun:Kinniginnen

Letzter Kommentar: viru(n) 15 Joer von Kaffi

Soll dës Kategorie elo fir Frae vu Kinneke stoen oder fir effektiv Regentinnen? Je nodeem wéi misst een d'Iwwer-Kategorie dann änneren. --Otets ♣ 21:49, 17. Mee 2008 (UTC)Äntweren

Ech gi mer selwer d'Äntwert, inspiréiert vun der de-wiki: als Kinniginne kategoriséiere mer d'Frae vu Kinneken, déi net selwer regéiert hunn (op d'mannst net offiziell), an déi déi selwer regéiert hu ginn an d'Kategeorie Kinneken. --Otets ♣ 22:01, 17. Mee 2008 (UTC)Äntweren

Firwat? Gëlt dat selwecht och ëmgedréint? D'Kinneken déi net selwer regéiert hu kéime jo deemno an d'Kategorie Kinniginnen... Kinnek ass Kinnek a Kinnigin ass Kinnigin, menger Meenung no. --Kaffi 22:56, 17. Mee 2008 (UTC)Äntweren


Salut Kaffi,
Gëtt et Fäll an deenen de Mann Kinnek genannt gouf, wann en net selwer regéiert huet?
Les Meloures 05:14, 18. Mee 2008 (UTC)Äntweren
Salut,
1-0 fir dech Les Meloures! Gelunge Saach déi Affaire mat den Adelstitelen, mee et huet een op mannst eppes bäigeléiert. :)
Merci fir d'Äntwerten!
--Kaffi 09:31, 18. Mee 2008 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Kinniginnen".