Kategorie Diskussioun:Bekannt Plazen zu Lëtzebuerg

Letzter Kommentar: viru(n) 12 Joer von Les Meloures in Abschnitt Untitled

Untitled änneren

Moien,

Ech denken dës Kategorie ass fir Plazen am Sënn vun "endroits" geduecht, net fir "places" / "squares". Oder gesinn ech dat falsch? --Jwh 23:54, 27. Feb. 2012 (UTC)Äntweren

Wéi een et gesäit ass déi eng Diskussioun, mä fir éier Diskussioun ofgeschloss ass schonn d'Kategorie auszeraumen ass vläicht net déi bescht Aproche. --Les Meloures 10:32, 28. Feb. 2012 (UTC)Äntweren
me culpa, wann ech ze vive war - ech mengen et waren 4 Stader Plazen - ech kann et gär nees réckgängeg machen. Meng Fro bleift: Een Endroit (bekannt oder net) oder eng geometresch Form ? --Jwh 14:45, 28. Feb. 2012 (UTC)Äntweren
Remoien,
D'Kategorie gouf ugeluecht fir all Plazen déi mei oder wéineger bekannt sinn ze repertoriéiren, well se an anere Kategorien net sou direkt opfalen. Ob dat elo als subjektiv unzegesinn ass, ass eng aner Diskussioun. Mä si schénge jo mol op d'mannst relevant ze sinn, soss hätten se och hei warscheinlech keen Artikel. --Les Meloures 15:23, 28. Feb. 2012 (UTC)Äntweren

Moien,
Menger Meenung kéint een dës Kategorie ganz ofschafen. Dat mat deem "bekannt" ass ganz subjektiv.--Fliedermaus 09:39, 28. Feb. 2012 (UTC)Äntweren
Ganz d'accord datt bekannt als subjektiv oder relativ kann ugesi ginn. Eng Revisioun vun 2.600 Artikelen wier dann och vläicht néideg. --Les Meloures 09:58, 28. Feb. 2012 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Bekannt Plazen zu Lëtzebuerg".