Katakolon ass eng kleng Hafestad mat 300 Awunner, déi am Peloponnes läit, 13 km ëstlech vu Pyrgos. Et gëtt dofir munnechmol och als Hafe vu Pyrgos bezeechent. Vill Croisièrë maachen eng Escale zu Katakolon. Vun do aus besichen d'Passagéier normalerweis den historesche Site vun Olympia. Dat huet et mat sech bruecht, datt zu Katakolon vill Geschäfter op d'Touriste laueren (haaptsächlech Souvenirs- a Bijousboutiquen).

Schonn am Hafe vu Katakolon ginn d'Passagéier mat engem Lëtzebuerger Fändel begréisst

Den Hafe vu Katakolon ass an de leschte Jore staark ausgebaut ginn. Och vu Privatjachten ass Katakolon opgesicht.

Geographesches änneren

Katakolon läit: 37° 39' nërdlech an 21° 19' ëstlech.

Um Spaweck änneren

Katakolon an aner Stied am Peloppones katakolon

Commons: Katakolo – Biller, Videoen oder Audiodateien