Haaptmenü opmaachen

De Karl Jatho, gebuer den 3. Februar 1873 zu Hannover, an do gestuerwen den 8. Dezember 1933, war en däitsche Fluchpionéier an deen éischte Mënsch, deen nogewisenermoossen e motoriséierte Vol mat Erfolleg duerchgefouert huet.

Karl Jatho
Karl Jatho 1907-1908 am Steuer seines Zweiflaechers.jpg
Gebuer 3. Februar 1873
Hannover
Gestuerwen 8. Dezember 1933
Hannover
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Erfinder, Pilot
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Als Inspekter am technesche Revisiounsbüro vun der Stad Hannover huet de Jatho 1896 säin éischte Segelfliger an engem Schapp bei der Stad gebaut. Well hien net zefridde war mat sengem éischte Vol, a well en onroueg war nom déidlechen Accident vum Otto Lilienthal am selwechte Joer, huet hie säi Fliger stänneg perfektionéiert.

Den 18. August 1903, véier Méint virum éischte gesteierte Motorflug vun de Bridder Wright, huet en een ongesteierte Motorflug an der Vahrenwalder Heide bei Hannover duerchgefouert, dee „vu véier Aenzeien notariell bestätegt“ ginn ass. Säi Fliger, en 10-PS-Doppeldecker mat 36 m² Fligelfläch, ass ronn 20 Meter wäit knapps 30 cm iwwer dem Buedem geflunn. De Jatho huet dës Leeschtung dräi Méint méi spéit mat engem 80 Meter laange Vol an enger Héicht vun 2,70 m verbessert.

Ob een de Karl Jatho oder d'Bridder Wright als déi Piloten ukucke soll, déi den éischte kontrolléierte Fluch realiséiert hunn, ass haut ëmmer nach ëmstridden.

Jatho-Monument no bei sengem éischte Fluchterrain

Um SpaweckÄnneren

Commons: Karl Jatho – Biller, Videoen oder Audiodateien