D'Karl-Marx-Haus zu Tréier, dat 1727 gebaut gouf, ass d'Gebuertshaus vum Karl Marx, dem Grënner vum Wëssenschaftleche Sozialismus. Haut ass dat architektonesch kuckeswäert Gebai, an der Bréckestrooss Nr 10 no bei der Foussgängerzon, e Musée an eng Fuerschungsplaz vun der Friedrich-Ebert Stëftung.