Donatuskapell um Märjendaller Haff

kathoulesch Kapell
(Virugeleet vu(n) Kapell um Mariendallerhaff)

D'Donatuskapell um Märjendaller Haff ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Äischdall-Helpert Saint-Willibrord, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Helperknapp gehéiert.

Kapell vum
Märjendaller Haff
D'Kapell virun der Restoratioun (2005)

D'Kapell virun der Restoratioun (2005)
D'Kapell virun der Restoratioun (2005)
Uertschaft / Plaz Märjendaller Haff
Par Äischdall-Helpert
Saint-Willibrord
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Donatus
Konsekratioun 1817
Baujoer 1816
Koordinaten 49° 42’ 23.8’’ N
      06° 04’ 16.6’’ O
D'Kapell vu Weste gesinn (2013)

D'Kapell vu Weste gesinn (2013)
D'Kapell vu Weste gesinn (2013)
Kierchen - Kapellen
Den Hl. Niklos baussen iwwer der Dier

De Patréiner ass den hellegen Donatus, deem säi Fest den 30. Juni gefeiert gëtt.

Déi kleng Privatkapell steet beim Märjendaller Haff, tëscht Keespelt an dem Mariendall säitlech op enger klenger Strooss tëscht den zwou Uertschaften.

Zur fréierer Par Keespelt huet ausser der Kapell um Märjendaller Haff och nach d'Parkierch vu Keespelt gehéiert.

Geschicht änneren

D'Kapell gouf am Joer 1816 vum Nicolas Franck baue gelooss, wéi op enger klenger Plack op der viischter Fassad ze gesinn ass (1816 N.F.). De Nicolas Franck war den 12. Mäerz 1775 um Märjendaller Haff gebuer ginn an ass de 6. Juni 1841 och do gestuerwen. 1817 gouf d'Kapell geweit.

Der Geschicht no hätt de Proprietär vum Haff d'Kapell zu Éiere vum hellegen Donatus baue gelooss, well duerch e schlëmmt Wieder déi ganz Recolte vum Haff zerstéiert gouf an en duerch de Bau weidere Schued vermeide wollt.

Zur Zäit vum Bau hunn d'Schwësteren aus dem Märjendaller Klouschter sech zeréckgezunn, wollten awer eng wäertvoll Statu aus der zweeter Hallschent vum 14. Joerhonnert an der Kapell versuergen. Déi zirka 80 cm grouss Statu, déi eng Muttergottes duergestallt huet déi niert (Mater lactans), stoung ursprénglech an der Mëtt vum Altor. Se stoung 1976 am Inventar an och 2005, wéi d'Kapell vum fréiere Besëtzer, der Famill Jacques Girtgen-Yutzet un den haitege Proprietär, d'Famill Marcel Barthels-Lacour verkaaft gouf, stoung se nach am Inventar, war awer an der Kapell net méi ze fannen. Verschwonne waren och 4 hëlzen Engelsfiguren, déi fréier am Altorraum fixéiert waren.

De 15. Juni 2007 gouf d'Kapell op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationaalt Monument klasséiert[1]. Den 31. Mee 2010 gouf se vum Äerzbëschof Fernand Franck geseent.

Architektur änneren

D'Kapell ass a Sallform mat 3/8 Chouerofschloss. Iwwer der Dier ass e Relief, deen den Hl. Niklos duerstellt.

Restauratioun änneren

D'Kapell gouf tëscht 2005 an 2007 komplett renovéiert. Den Daach an den Daachreider goufen erneiert, d'Mauere kruten en neien Ustrach. Et goufen och eng Beliichtung, eng elektresch Heizung a Lautsprecher installéiert. Déi nei Fënstere goufen 2006 no Entwërf vum Här Barthels vum Atelier Bernard Bauer vu Munneref installéiert.

Well deen ale barocken Altor morsch war, gouf en duerch en Altor ersat, deen aus engem Jaumont-Lacour Steeblock[2] Steeblock sculptéiert gouf. D'Réckwand vum Altor an den Tabernakel goufen nei opgebaut.

Déi véier Kierchebänke goufe vum Här Barthels selwer restauréiert. Aus der Kathedral an aus der Kierch vu Capellen koume weider Bietstill dobäi.

Den Dafsteen gouf nei installéiert.

Banneraum änneren

Den Altor änneren

D'Kapell hat fréier en einfache Barockaltor aus Holz, haut e stengenen Altor mat Holzopbau.

Statuen änneren

Am Altorraum sti fënnef original Statuen aus Steen:

  • Statu vum hellegen Donatus
  • Eng fir eis Géigend seele Statu vum hl. Péitrus vu Mailand (och Péitrus vu Verona genannt)
  • Statu vum hl. Bernhard
  • Statu vum hl. Mathias
  • Statu vun der hl. Katharina

Als Geschenk vun de Karmeliterinne vu Capellen koumen zwou hëlze Statuen dobäi:

  • Statu vun der Muttergottes mam Kand op der Moundséchel
  • Statu vum hellege Jousef

Tableau änneren

  • E gréisseren Tableau mat enger Kräizegungsgrupp gouf vum Här Barthels no enger Virlag selwer gemoolt.

Biller änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Donatuskapell um Märjendaller Haff – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. Lacour ass déi hell Couche (Bänk) vum Jaumontsteen déi e bësselche méi haart ass wéi déi méi giel