Kapell Weyer

(Virugeleet vu(n) Kapell Weier)

D'Kapell zu Weyer ass eng Kapell zu Weyer an der Gemeng Fëschbech.

Kapell vu Weyer
Kapell vu Weyer (2014)

Kapell vu Weyer (2014)
Kapell vu Weyer (2014)
Uertschaft / Plaz Weyer
Baujoer 1612
Koordinaten 49° 43’ 33.6’’ N
      06° 11’ 59.1’’ O
Kierchen - Kapellen
D'Kapell vu Weste gesinn

Si steet matzen an der Uertschaft net wäit vum CR101 a gëtt net méi benotzt.

Geschicht[1] änneren

Enger Legend no gouf d'Kapell vum Gerard vu Schwarzenberg, dem Besëtzer vu Fëschbech, opriichte gelooss, nodeems seng Schwëster an (oder bei) engem Weier eng Statu vun der Muttergottes fonnt hätt. Warscheinlech stoung virdrun och schonn eng Kapell do. E Wopen an eng Opschrëft leeën no, datt se 1612 vum Gerard vu Schwarzenberg a senger Fra Dorothée vun Naves baue gelooss gouf.

Fréi koum et zu Pressessioune bei d'Muttergottesstatu. Vu 1629 u goufe Wochemassen do gehalen a 1671 gouf op der nërdlecher Säit eng Sakristei ugebaut. Vu 1748 ass en eegene Kaploun attestéiert. Tëscht 1720 an 1726 gouf d'Kapell restauréiert, Fënstere koume bäi a se gouf mat Säitenaltär an Hellegebiller gerëscht. Méi spéit am Joerhonnert gouf den Daach vum Schëff verännert. Am 19. Joerhonnert huet de Bau sech lues a lues verschlechtert. 1904 an 1905 gouf jee ee Chouerpult verkaf, fir kleng Reparaturen ze finanzéieren. Nom Éischte Weltkrich gouf d'Kapell als Lager benotzt. Den Daach war ondicht, an et huet era gereent. Zwou Muttergottesstatuen, eng gotesch an eng aus dem 18. oder 19. Joerhonnert, koumen 1941 an de Staatsmusée. Wärend der Ardennenoffensiv, 1944/45 waren Zaldoten do aquartéiert; si hunn d'Beichtstill, d'Kierchebänken an d'Säitenaltär zu Brennholz verschafft.

Nom Zweete Weltkrich war d'Kapell sou baufälleg datt se bal ofgerappt gi wier. 1960 gouf d'Verwëllef mat engem flaache Plaffong ersat an de Botz op de Mauere gouf ewechgemaach, sou datt d'Molereie vum Ignaz Millim zerstéiert goufen.

2005 gouf se restauréiert.

Zanter 2013 ginn ë. a. eng 40 Weekräizer dra versuergt, déi vu verschiddene Plazen dohi bruecht goufen.

Op enger Pressekonferenz am Juni 2019 hunn d'Administrateure vum Kierchefong bekannt ginn datt d'Kapell entweit gouf[2].

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kapell Weyer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Ministère de la Culture, Service des Sites et Monuments: Nationale Inventarisierung der Baukultur im Großherzogtum Luxemburg: Kanton Mersch, Gemeinde Fischbach. Luxemburg 2018, S.196-235.
  2. Video op youtube