Nikloskapell vu Soller

(Virugeleet vu(n) Kapell Soller)

D'Nikloskapell zu Soller ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Wooltz Saints-Pierre-et-Paul, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wanseler gehéiert.

Kapell vu Soller
Kapell vu Soller (2014)

Kapell vu Soller (2014)
Kapell vu Soller (2014)
Uertschaft / Plaz Soller
Par Wooltz
Saints-Pierre-et-Paul
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Niklos
Koordinaten 49° 57’ 50.9’’ N
      05° 49’ 32.1’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kapell ass den hellegen Niklos, deem säi Fest de 6. Dezember gefeiert gëtt.

D'Kapell steet op der Kräizung vun der rue J.B. Determe, dem CR309, mat der Strooss Um Kanal. Ronderëm d'Kapell ass de Kierfecht ugeluecht.

Se huet deen eenzege Barocktuerm mat Träppleksdaach zu Lëtzebuerg.

Geschicht änneren

Dokumenter beleeën, datt déi Soller Leit bis dat 11. Joerhonnert op Bauschelt an d'Kierch gaange sinn. Wéi Soller och eng Kapell hat, gouf et Sëtz vun enger Par mat Donkels als Filial. Och Bras huet vun 1803 bis 1839 zur Par Soller gehéiert. 1872 ass de Sëtz vun der Par op Donkels verluecht ginn.

D'Kapell vu Soller an de Kierfecht goufe wärend der Ardennenoffensiv staark beschiedegt. Wéi 1959 d'Strooss méi breet gemaach gouf, ass de Kierfecht e Stéck geréckelt ginn a gouf nei amenagéiert.

Bis de 7. Mee 2017 war et eng Kapell vun der Par Donkels, déi zum Parverband Wooltz, Kiischpelt, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Wolz gehéiert huet. Zur fréierer Par Donkels huet ausser der Kapell vu Soller och nach d'Parkierch vun Donkels gehéiert.

D'Paschtéier vu Soller änneren

  • 1382: Henri Alman
  • 1399: Gérard Alman (oder Laleman)
  • 1427: Ghiselbertus Bache
  • 1510: Clais
  • 1583: Jean Noblehomme
  • 1589 - 1602: Guillaume Gavroy vu Marmont
  • 1609: Bernard M. Pierre
  • 1609 - 1617: Michel Lamborel vun Engreux
  • 1617 - 1618: Denis Ballex (oder Baillet) vu Salm
  • 1618 - 1630: Laurent Monghausen
  • 1630 - 1659: Jean Alexandre
  • 1659 - 1689: Jacques Nicolas
  • 1689 - 1744: François Belche
  • 1744 - 1767: Jean Toussaint
  • 1767 - 1809: Jean-Michel Léonard vu Bras
  • 1809 - 1819: Gilles-François Conté vun Ëlwen
  • 1819 - 1843: Jean-Michel Frankard
  • 1843 - 1854: Nicolas Jonrath vun Esch-Sauer
  • 1854 - 1862: Antoine Léonard vun Äischer
  • 1862 - 1869: François Thinnes vun Harel
  • 1869 - 1872: Mathias-Richard Elsen vu Mäerzeg

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Nikloskapell vu Soller – Biller, Videoen oder Audiodateien