Kapell Obeler

kathoulesch Kapell

D'Kapell zu Obeler ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Beetebuerg–Fréiseng Saint-André, zum Dekanat Süden-Ost an zu der Gemeng Beetebuerg gehéiert.

Kapell vun Obeler

Uertschaft / Plaz Obeler
Par Beetebuerg–Fréiseng
Saint-André
Dekanat Süden-Ost
Numm / Patréiner Hl. Willibrord
Koordinaten 49° 31’ 59.10’’ N
      6° 04’ 47.05’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner ass den hellege Willibrord, deem säi Fest de 7. November gefeiert gëtt.

D'Kapell steet zentral am Duerf an der Haaptstrooss (rue du Village). Nieft der Kapell ass de Kierfecht ugeluecht.

Zur Par Beetebuerg gehéieren ausser der Kapell vun Obeler och nach d'Dekanatskierch vu Beetebuerg an d'Filialkierch vu Léiweng.

Besonnesches:

  • D'Klacke gi vun Hand gelaut.
  • Den Tabernakel ass vu 1712.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kapell Obeler – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
D'Kapell vun der Strooss aus gesinn (2007)