Kapell Notre-Dame du Maquis
D'Kapell Notre-Dame du Maquis ass eng Weekapell an der belscher Gemeng Houyet an der Provënz Namur, laanscht Nationale 94 eng ronn 1.100 Meter nërdlech vun Hérock, op der Kräizung mat engem Bëschwee Route de la Reine genannt.
D'Kapell gouf als Merci un d'Gottesmamm opgeriicht well se d'Maquisarde vum Maquis de Fenffe soll wärend hiren Aktioune beschützt hunn, an als Erënnerung un déi gefale Komeroden.
Op der rietser Mauer ass en Informatiounspanneau deen iwwer d'Erreegnesser op där Plaz renséignéiert.
Geschicht
ännerenDen 3. September 1944 haten d'Maquisarden net wäit vun der Plaz wou d'Kapell steet, en däitsche Convoi den ënnerwee war fir op d'Kommandatur vun Dinant ze fueren, ugegraff. No de Kämpf déi e puer Stonne gedauert haten, hate ronn 50 [1],[2] Däitsch hiert Liewe gelooss. Dorënner waren: een SS-Generol, säi Fligeladjudant, fënnef Gestapo-Leit, tëscht fofzéng an zwanzeg Wehrmachtzaldoten, ee Motocycliste, 3 däitsch Offizéier, zweeanzwangeg SS-Männer an een Ënneroffizéier.
Op der Säit vun de Maquisarde war kee blesséiert ginn. Duerch déi Attack konnten net nëmmen Haftbefehler séchergetallt ginn, mä och Dokumenter déi iwwer déi däitsch Artilleriespositioune renséignéiert hunn an déi un d'Alliéiert konnte weidergereecht ginn.
Déi Däitsch hu sech zwéin Deeg duerno revanchéiert andeems se d'Uertschaft Hérock iwwerfall an a Brand gestach hunn. Dobäi koumen zwéi Mënschen ëm d'Liewen.
Bei Aktiounen duerno hunn all déi implizéiert Resistenzler déi zur Resistenzgrupp B2 gehéiert hunn, hiert Liewe geloss. Hir Nimm sinn op Placken an der Kapell opgelëscht. De Chef vum Resistenzsecteur ëm Dinant war déi Zäit de Barong Jacques de Villenfagne de Sorinnes.
Op der Stèle um Altor ass follgend Opschrëft: EN RECONNAISSANCE |
Op der Stèle um Fous vum Altor: ICI A CAMPÉ |
Plack lénks 8 Nimm: ARNOULD Constant BOULY Joseph DOR Roger GARNIER Joseph GILSON Adolphe GOFFIN Henri HENRY Henri LAFFINEUR Albert |
Plack riets 5 Nimm: MICHAUX Isidore NASSOGNE Edgar WENKIN Willy STEPHANY Jean TILL Evrance |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Jee no Quell 54
- ↑ Ardenne Encyclopedie gekuckt den 12. November 2011