Kapell Lauterbuer
D'Kapell zu Lauterbuer ass eng Privatkapell, déi zum Domaine vum Schlass Lauterbuer gehéiert an déi zur selwechter Zäit wéi dat aktuellt Gebai vum Schlass ëm 1776 gebaut gouf.
| ||||
---|---|---|---|---|
Uertschaft / Plaz | Lauterbuer | |||
Konsekratioun | ëm 1776 | |||
Architekt(en) | Paul Mungenast (zougeschriwwen) | |||
Baujoer | ëm 1776 | |||
Proprietär | Privatbesëtz | |||
Koordinaten | 49° 47’ 47.6’’ N 06° 23’ 15.8’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
Et gëtt ugeholl, datt de Paul Mungenast, den Architekt vum Schlassgebai, och d'Kapell entworf huet. Iwwer dem Entréesportal ass eng Nisch, an där eng Madonnestatu steet. Bannenan ass en Altor mat engem Rokoko-Retabel, aus der Zäit wéi d'Kapell gebaut gouf. D'Bild dran, dat eng Madonna mat Kand weist, ass méi al: de Wope vum Abt Petrus Fisch (1628-1657) ass drop ze gesinn. Et gouf 2007-2009 restauréiert.[1]
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Mayer, Christina, 2010, Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Band 1: Kanton Echternach. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, ISBN 978-2-495-15120-7, S.354.