Kapell Ierpeldeng (Wolz)

kathoulesch Kapell

D'Kapell zu Ierpeldeng bei Wolz ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Wooltz Saints-Pierre-et-Paul, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wolz gehéiert.

Kapell vun Ierpeldeng
Kapell vun Ierpeldeng (2014)

Kapell vun Ierpeldeng (2014)
Kapell vun Ierpeldeng (2014)
Uertschaft / Plaz Ierpeldeng
Par Wooltz
Saints-Pierre-et-Paul
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Eligius
Koordinaten 49° 58’ 39.1’’ N
      05° 56’ 52.1’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kapell ass den hellegen Eligius, deem säi Fest den 1. Dezember gefeiert gëtt.

Se steet zentral an der Uertschaft op der Strooss Um Knupp, dem CR325.

Geschicht änneren

Bis de 7. Mee 2017 war et eng Kapell vun der Par Nidderwolz, déi zum Parverband Wooltz, Kiischpelt, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Wolz gehéiert huet.

Zur Par Nidderwolz huet ausser der Kapell vun Ierpeldeng och nach d'Parkierch vun Nidderwolz an d'Filialkierch vu Wanseler gehéiert.

D'Fënsteren änneren

D'Fënstere si vum lëtzebuergesche Glaskënschtler Robert Emeringer.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kapell Ierpeldeng (Wolz) – Biller, Videoen oder Audiodateien