Kapell Hellege Lambert zu Eupen

D'Lamberts-Kapell zu Eupen ass dat eelst reliéist Gebai an der Stad. Si gouf 1690 vun der Geschäfstfamill Klebanck fir d'Awunner vum Werthviertel opgeriicht. Se gëtt dofir och nach Werthkapell genannt.

D'Kapell hellege Lambert

An de Joren 1821-1822 gouf de viischte Giewel ofgerappt, an am klassizistesche Stil erëm opgeriicht. An der Nisch iwwer der Haaptentrée steet eng Statu vum hellege Lambert deen ëmt 700 Bëschof vu Léck war.