D'Kapell Fischbach genannt nom Chevalier Henri-Toussaint Fischbach ass eng Kapell am Héije Venn an der Belsch, déi ongeféier 100 Meter vun der Baraque Michel ewech steet. Si ass der Notre-Dame de Bon Secours geweit.

D'Kapell Fischbach

D'Kapell gouf tëscht 1830 an 1831 vum Industrielle Fischbach vu Malmedy opriichte gelooss fir der Muttergottes Merci ze soen, well säi Schwéierpapp, dee sech an der Heed verlaf hat vum Wiert vun der Baraque Michel gerett gi war.

Et gouf eng Zäit laang bei d'Kapell gepilgert.