Lukaskapell vun Eesebuer

kathoulesch Kapell
(Virugeleet vu(n) Kapell Eesebur)

D'Lukaskapell vun Eesebuer war eng kathoulesch Kapell déi zur Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Jonglënster gehéiert huet.

Kapell vun Eesebuer
D'Kapell vun Eesebuer (2012)

D'Kapell vun Eesebuer (2012)
D'Kapell vun Eesebuer (2012)
Uertschaft / Plaz Eesebuer
Par Par Regioun Iechternach
Saint-Willibrord
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Lukas
Koordinaten 49° 41’ 30.6’’ N
      06° 11’ 03.7’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Lukas, deem säi Fest den 18. Oktober gefeiert gëtt.

D'Kierch steet am Duerfzentrum vun Eesebuer, op der Kräizung vun der route de Luxembourg, dem CR119, mat der rue de Blaschette, dem CR124.

D'Kapell vun Eesebuer gouf de 5. November 2002 op d'Lëscht vum Zousazinventaire vun den nationale Monumenter agedroen.[1]

Si gouf am Oktober 2021 entweit.[2]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Lukaskapell vun Eesebuer – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
D'Kapell vun Eesebuer ëm 1900, am Hannergrond d'Eesebuerer Schlass, deemools d'Maison de campagne vum Pensionat Notre-Dame.

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. Informatioun vum Generalvikar Patrick Muller, de 25. Abrëll 2022