Kap Trafalgar
Dëse Geographiesartikel iwwer Spuenien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Kap Trafalgar, op Spuenesch Cabo Trafalgar, Latäin Promontorium Junonis, Arabesch Altaraf alagar رأس الطرف الأغر, läit am Süde vun der andalusescher Provënz Cádiz a Spuenien, ongeféier 40 Kilometer südëstlech vun der Provënzhaaptstad Cádiz um nordwestelchen Enn vun der Strooss vu Gibraltar, 36° 10′ 57" nërdlech Breet a 6° 1′ 58" westlech Längt.
Kap Trafalgar ass bekannt wéinst der Schluecht vun Trafalgar bei där déi englesch Flott ënner dem Kommando vum Admiral Nelson den 21. Oktober 1805 déi spuenesch-franséisch Flott vernicht huet, a bei där den Nelson den Doud fonnt huet. Als Erënnerung un dës Séischluecht krut den Trafalgar Square zu London säin Numm.
Um Spaweck
ännerenCommons: Cape Trafalgar – Biller, Videoen oder Audiodateien |