Obwalden ass e Kanton am Zentrum vun der Schwäiz. Zesumme mat Nidwalden gehéiert en zum historesche Kanton Unterwalden. Et ass ee vun de sechs sougenannten Hallefkantonen.

Kanton Obwalden
Land: CHECHE Schwäiz
Haaptuert: Sarnen
Fläch: 491 km²
Awunner: 35'585 (2010)
Bäitrëtt an Eedgenosseschaft: 1291
Sproochen: Däitsch
Lag vum Kanton Obwalden

De Kanton heescht:

Geographie änneren

Obwalden grenzt am Nordosten un de Vierwaldstätterséi, am Norden an Nordwesten un de Kanton Luzern, am Süden un de Kanton Bern. Am ëstlechen Deel gëtt op der ganzer Längt vun Nidwalden duerchgeschnidden. Doduerch gëtt en Deel eng Exklav déi vun Nidwalden am Westen, dem Kanton Uri am Osten, a vum Kanton Bern am Süden agegrenzt gëtt.

Obwalden besteet aus de Gemengen Alpnach, Engelberg, Giswil, Kerns, Lungern, Sachseln a Sarnen.

Den héchste Punkt am Kanton ass den Titlis mat 3.238 Meter, an déi déifst Plaz ass de Vierwaldstätterséi mat 434 Meter.

Um Spaweck änneren

Commons: Kanton Obwalden – Biller, Videoen oder Audiodateien