Kanadier-Monument Le Tigelot

D'Kanadier-Monument zu Le Tigelot an der Gemeng Jalhay ass e Monument zu Éiere vum Equipage vum Halifax-Bomber MZ829 KN-X 77 vun der 77 Schwadroun vun der Royal Air Force déi um Fluchfeld Full Sutton doheem war an deen den 2. November 1944 um Retour vun enger Missioun op Düsseldorf, eng 500 Meter westlech vun der Uertschaft erofgefall ass. Déi ganz Ekipp déi aus 6 Kanadier an engem Schott bestanen huet, war dobäi ëm d'Liewe komm.

Kanadier-Monument Le Tigelot
Typ Krichsmonument
Plaz Le Tigelot
Jalhay
Koordinaten 50° 34’ 21.56’’ N
      05° 57’ 44.38’’ O

Déi siwen Aviateure goufen um Zaldotekierfecht vun Hotton begruewen.

D'Monument gouf de 16. September 1951 a Presenz vum Albert Adans, Proprietär vum Terrain op deem de Fliger erofgefall war, ageweit.