Kale (Mound)

Jupitermound


De Kale (och Jupiter XXXVII) ass ee vun de klenge bausenzege Mounde vum Planéit Jupiter.

Kale
(Jupiter XXXVII)
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/2001 J 8
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 23.217.000 km
Periapsis 17.181.000 km
Apoapsis 29.253.000 km
Exzentrizitéit 0,260
Ëmlafzäit 729,47 Deeg
Ëmlafvitess 2,31 km/s
Inklinatioun 165,00°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser ≈ 2 km
Albedo 0,04
Visuell Magnitude (mag) 23,0
Entdeckung
Entdecker IFA Hawaii
Entdeckungsdatum 9. Dezember 2001

Entdeckung änneren

De Kale gouf den 9. Dezember 2001 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt a krut déi virleefeg Bezeechnung S/2001 J 8.

De Mound gouf no der Kale, enger vun de Chariten aus der griichescher Mythologie, genannt.

Bunndaten änneren

De Kale kreest a 729 Deeg, 11 Stonnen a 17 Minutten op enger mëttlerer Distanz vun 23.217.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,2599. Mat enger Schréi vun 164,996° ass d'Bunn retrograd, d. h., de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.

Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt de Kale der Carme-Grupp, déi nom Jupitermound Carme benannt gouf, zougeschriwwen.

Physikalesch Daten änneren

De Kale huet e mëttleren Duerchmiesser vu ronn 2 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hie besteet warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs. En huet eng ganz däischter Uewerfläch, a seng Albedo ass 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 23,0m.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren