Kaffi (Moolzecht)

Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Kaffi als Moolzecht. Fir d'Gedrénks u sech, kuckt wgl. Kaffi.

Kaffi (méi seelen: Mueresiessen) gëtt déi éischt Moolzecht genannt, déi een an der Reegel moies zou sech hëlt (Kaffi drénken).

Franséische Kaffi
Traditionelle japanesche Kaffi

Duerch d'Geschicht an uechter d'Welt sinn et ganz ënnerschiddlech Gewunnechten a Bräich, aus wat fir Liewensmëttel en typesche Kaffiskascht sech zesummesetzt, wéi laang en dauert, a wéi wichteg e par Rapport zu anere Moolzechten am Dag ass.

Zu Lëtzebuerg besteet de Kaffi gewéinlech aus engem waarme Gedrénks (Kaffi - dohier den Numm -, Schockelaskaffi oder Mëllech, méi seelen Téi) an aus Bakwueren (Bréidercher oder Schmieren), op déi verschidde Saachen dropgeschmiert oder -geluecht ginn: Botter oder Margarine, Kéis, Zoossiss, Ham oder soss Charcuterie, Gebeess, Hunneg, Schockelasbotter,...). Do derbäi kommen heiansdo Orangëjus, Eeër, Müsli oder Cornflakes, Jugurt, Kaffiskichelcher, asw.

No LännerÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Kaffi (Moolzecht) – Biller, Videoen oder Audiodateien