Kabeltram

Transportsystem

E Kabeltram ass e Schinnegefier vum Typ Tram dat vun engem Kabel gezu gëtt.

E Kabeltram vu San Francisco

En ënnerscheet sech vun de klasseschen Trammen, doduerch datt e keen eegenen Undriff huet. E Standmotor dreift e Kabel un, deen ënner der Strooss läit, an un deem d'Gefier sech ukrämpt fir matweidergezunn ze ginn. E gläicht deemno vun der Konzeptioun hier enger Standseelbunn mam Ënnerscheed datt d'Strecken op an of kënne goen an datt d'Gefier net ëmmer um Kabel hänkt dee sech konstant weiderbeweegt. Fir mat weidergezunn ze ginn, krämpt d'Kabinn sech mat Hëllef vun enger grousser Pëtzzaang un de Kabel a bei der nächster Halt léisst se de Kabel lass fir dann ze bremsen a stallzehalen.

Dat bekanntst Beispill vu Kabeltrammen déi nach funktionéieren, sinn d'Kabeltramme vu San Francisco a Kalifornien, déi zanter 1873 a Betrib sinn.

Um Spaweck änneren